Meing Wäerter
Fir mech se folgend Richtlinnen wichtig:
⚪ Bedürfnisorientiert
⚪ Respekt
⚪ Neutralitéit, also net wäertend
⚪ Vertraulichkeet
⚪ Häerzlichkeet
⚪ Empathie
Su schaffen ech:
⚪ Cohérence cardiaque / Otemtechniken
⚪ Visualisierung
⚪ Neurolinguistisch Programmatiunn
⚪ Autogenen Training no Schultz
⚪ Progressiv Muskelentspanung no Jacobson

Cohérence cardiaque ass eeng Entspanungstechnik, béi där d’Häerzfrequënz duerch bewosst a reegelméissigt Ootmen an e gléichméissige Rhythmus broocht gëtt. D’Zil ass, Gléichgewiicht tëscht Kierper a Geest ze schafen, Stress ze reduzieren an d’allgemeengt Wualbefannen ze verbesseren. Dacks gëtt mat em festen Otemrhythmus geübt, zum Beispill 5 Sekunnen anootmen an 5 Sekunnen ousootmen.
Positiv Visualisierung ass eeng Technik, béi där een sech bewosst schinn a berouigend Biller a Situatiunnen bildlich virsteelt. Duerch dës Visualisierung kann een sech mi rouig, zefriden a selbstbewosst féilen. Et geet zum Beispill dorëms, uan eeng Plaz ze dinken, wu ee sech wual féilt, oder un e positive Verlaf vuan eenger Situatiun. Positiv Visualisierung gëtt dacks béi Entspanungsübungen, am Sport oder an der Psychologie agesat, fir Stress ze reduzieren an d’allgemeengt Wualbefannen ze stäerken.
Neurolinguistisch Programmatiunn (NLP) ass eeng Method, di hëlleft, Gedanke-, Sprooch- a Verhalensmuster bewosst ze vereeneren, fir persinnlich Ziler z'erreechen. Si geet dovuan ous, dass is Sprooch an is Gedanken e stoorken Afloss op is Geféiler an Handlungen hunn. Mat speziellen Techniken léiert een z. B. negativ Gedanken duerch positiver z'erseetzen oder sech besser op Ziler ze konzentrieren. NLP gëtt an der Kommunikatiunn, am Coaching an an der Psychotherapie agesat, fir d’Selbstvertrauen an d’Wualbefannen ze verbesseren.
Autogenen Training no Schultz ass eeng Entspanungstechnik, di hëlleft, de Kierper an de Geest zur Rou ze bringen. Duerch verënnerlicht Leitseetz, wi z. B. "Meing Äerm se schwier" oder "Ech se ganz rouig", léiert een no a no, den eegene Kierper ze beaflossen. Dës Method ënnerstëtzt d'Reduktiunn vua Stress, verbessert d'Schlofqualitéit an hëlleft bei kierperliche wi och psychische Verspanungen. Et ass eeng einfach Technik, die mat e bëssen Übung vua jiddereem kann uagewant ginn.
Progressiv Muskelentspanung no Jacobson ass eeng Technik, béi där een ofweesselnd verschide Muskelgruppen uaspaant an dann nees entspaant. Duerch dës bewosst Uaspanung an Entspanung léiert de Kierper, Spanungen ze erkeenen an ofzebauen. D'Method hëlleft geent Stress, Angstgeféiler a Schlofstierungen an ënnerstëtzt allgemeeng d'Wualbefannen. Si ass einfach ze léieren a kann zu all Momënt am Alldag agesat ginn.


