top of page
  • Facebook
  • Instagram

Angeboter

​Ech béiden eech folgend Coursen uan:

Entspaant schwanger

 
 
 
Dëse Cours riicht sich uan all werdend Mammen, di sich wärend der Schwangerschaft bewosst Zéit fir sech an hiert Kand wëllen hollen. An eenger rouiger an angeneemer Atmosphär léiere mir Techniken fir Entspanung, Ootmung a Wualbefannen keenen, di eech hëllefen, Stress ze reduzéieren an är Bindung zu ärem Puppelchen verstäerken. De Cours soll eech Vertrauen an äre Kierper ginn an eech dobéi ënnerstëtzen, dës besonnisch Zéit mat Rou an eem goude Gefėil z'erliäwen. Egal ob et är ischt Schwangerschaft ass oder net – Dir sëdd häerzlich Wëllkomm!
​An dësem Cours merkt dir eech am besten ab dem 2. Trimester, an net mi spitt wie Schluss vuam 2. Trimester (fir den ischte Cours), uan,well der soss riskiert net all d'Coursen kënne matzemaachen.

17.jpg

​Babymassage


An eenger entspaanter an häerzlicher Atmosphär léiert dir, wi dir duerch douce Beréierungen d'Wualbefanne vuan ärem Puppelchen fuerdere kënnt. D'Babymassage stäerkt net nëmmen d'Bindung tëschent Elteren a Kand, ma ënnerstëtzt och di kierperlich an emotional Entwicklung vuan ärem Puppelchen. Ech weisen eech Schrëtt fir Schrëtt verschide Massagegrëffer, die berouigend wierken an d'Kierpergeféil vuan ärem Kand stäerken. Egal ob dir well ischt Erfarunge gesammelt hott oder fir d'ischt dobéi sëdd – dëse Cours béit eech Roum fir Oustosch, Froen a gemeinsam Erliäfnisser.

Babymassagen kënne béi folgenden Problemer ënnerstëtzen:

✅ Verstopfung, Koliken, Blähungen

✅ Schlofstierungen, allgemeeng Unrou

✅ muskuläer Verspanungen, schwaach Muskelen

✅ Geelzicht

✅ Ënnergewiicht, Gewiichtsstierungen, z.B. béi eem Frühchen

✅ Moproblemer

✅ Otemproblemer

✅ Vill kréischen

✅ Schwaacht Immunsystem

✅ Duerchbloudungsstierungen

Net uageroden wann:

❎ Féiwer

❎ Erkrankung

❎ Unwohlsein vuam Puppelchen

❎ Entzündungen 

​❎ Houterkrankungen


5.jpg

​Babygléck

An dësem Cours treffe mir is, fir zesomen iwer verschiden Themen ronderëm den Alldag mam Puppelchen ze schweetzen,  vuam Ëmgang mat Erkältungen, iwer d'Zeen kreien, bis béi Reesen a Vakanzen mam Puppelcheon. Dobéi krett dir nëtzlich Tipps an kënnt är Froe steelen. De Cours soll eech Sécherheet an Entspanung am Alldag mat ärem Kand ginn an eech dobéi hëllefen, di besonnisch Zéit vuam Babygléck bewosst ze genéissen.

12.jpg

Begleedung vuan Elteren

 

mat em Schreibaby


Häerzlich Wëllkomm béi ise persinnliche Begleedungs-Sëtzungen fir Elteren mat em Schrei-Baby. Dës individuell Gespricher béiden eech als Elteren en Ënnerstëtzungspunkt an eeng Rouzon an eenger usprochsvoller Zéit. Zesome séiche mir no Weeër, fir äert Kand besser ze verstoen an d'Grënn fir daat villt Jéitzen z'erkeenen. Gléichzéitig krett dir konkret Hëllef an Tipps, wi dir mat dëse Situatiunnen am Alldag ëmgoe kënnt, fir esu nees mi Rou an Harmonie an äre Familljenalldag ze bringen. Hei steet net nëmmen äert Kand am Mëttelpunkt, ma och dir als Elteren mat äre Geféiler an äre Bedürfnisser.

16.jpg
bottom of page