FAQ
Hei sen e por Froen an Äntwerten zur Familljenoas, de Coursen asw. Falls net alles beäntwert ass, kontaktiert mech wannichgelift iwer d'Kontaktformular oder iwer familljenoas@gmail.com
Wat ass matzebringen?
Néist Extraes. Alles wat dir fir de spezifische Cours broucht, su wi z.B. Massageuelig, krett dir vua mir.
Fir Gedrinks, Spillsaachen, (Stëll)këssen, Spuckdéicher ass gesuergt.
Wie doen ech mech bzw. méin Puppelchen uan?
Dir sollt eech wual féilen, also gëtt et keen Dresscode. Just béi de Babymassagen wäert eeng Heizung ua sen, d.h. dot am besten een T-Shirt mat eenger Jackett/Plower uan.
Wu kann ech parken?
An der Afoort, bzw. an der Wiss niäwent der Afoort, se Parkplaze fir jiddereen.
Wat ass, wann ech e Cours verpassen?
Wann dir z.B. krank sëdd oder ous em aanere Grond net uan em Cours kënnt deelhollen, da meelt eech w.i.g. of. Et wäert pro Trimester/halleft Trimester een Nohollcours gemaach ginn, falls gewënscht.
Wee kann alles an d'Familljenoas kommen?
Uam Gruppecours "Entspaant schwanger" kënne bis zu 7 Mommies to be deelhollen.
Uam Gruppecours "Babymassage" kënne bis zu 3 Mammen oder Pappen mat hierem Puppelchen deelhollen.
Uam Gruppecours "Babygléck" kënne bis zu 7 Mammen oder Pappen mat hierem/hiere Puppelchen/Puppelcher deelhollen.
An den Eenzelsëtzungen kann een entweder aleeng oder mat Partner/in an mat Puppelchen/Puppelcher kommen
Wi geséit et mam Dateschutz an de Gruppecoursen ous?
Am Uafank vuam ischte Gruppecours krett dir ëmmer e Formular, wu dir eech bereet erkläert eech uan e "secret professionnel" ze halen. Alles, wat an de Gruppecoursen beschwat gëtt, bleift och an de 4 Wänn vun der Familljenoas.